Yuppi-mini-kulturlaf

Wat ass dann de Yuppi-Mini-Kulturlaf?

De Yuppi-Mini-Kulturlaf ass eng Course fir Kanner tëschent 5 an 12 Joer, déi gäre lafen.
Deng Participatioun ass gratis an du brauchs och keng Lizenz. De Yuppi ass während der Course mat op der Plaz an de Yuppi mëscht och e klengen Obwiermtraining mat all den ageschriwwene Kanner. Dat primäert Ziel vum Yuppi-Mini-Kulturlaf ass matzemaachen an sech ze amuséieren.Deng Zäit gëtt net gemooss. Bréng däi “Yuppi-Leef” Carnet mat an och däi Yuppi T-Shirt wanns du schonn een hues. Wann net, da kriss du ee Cactus-Yuppi T-Shirt op der Plaz! Du kriss och eng Yuppi Medaille als Belounung fir deng Participatioun!

All d’Yuppi Coursë fënns du hei

facebook