Mobilitéit

fair – Mobilitéitskonzept – Recommandatiounen

Wichteg Informatioune fir d’Leefer

Léif Leefer,

Den zentrale Punkt vum Sudstroum Escher Kulturlaf ass de Site vun den Héichiewen zu Esch/Belval. Hei ass den Depart an d’Arrivée vun der Course, de Gewënnerpodium an d’Kulturfest « After Kulturlaf Party ».

Mir recommandéieren Iech fir zu Fouss, mam Vëlo oder mam ëffentlechen Transport (Bus oder Zuch) op de Site Belval ze kommen. Mir hunn en iwwerdaachten, bewaachten an ofgespaarte Velosparking..

Douce Mobilitéit

Den Accès op de Site Belval an d’Sortie vum Site zu Fouss a mam Vëlo ass ouni Ënnerbriechung während der ganzer Manifestatioun garantéiert.

Ëffentlechen Transport – Zuch
!! CHANTIER !!

De Site Belval ass NET un den Zuchverkéier ugebonne fir en Ukommen virun der Course (aus Richtung Lëtzebuerg a Péiteng) an den Depart no der Course (a Richtung Lëtzebuerg a Péiteng). D’Zich gi vu Busser ersaat !
D’Zich fueren no de regulären Horairen. Méi Informatiounen op www.mobiliteit.lu an www.cfl.lu.

Public transport – bus

The site Belval is accessible by the TICE busses, circulating according to their usual time table, before the run (coming from Esch-Gare and Differdange) and after the run to leave the site (in direction of Esch-Gare and Differdange). More information on  www.mobiliteit.lu an www.tice.lu.

Auto

4 Parkinge stinn an der Géigend vum Depart, der Arrivée an der « After Kulturlaf Party »  zur Verfügung

Parking CFL
Parking Square Mile
Parking Belval-Plaza I & II
Parking Université

facebook