Laf vun a-z

PLAN

TIMING

Freides, den 7. September 2018

16.00-20.00
Ofhuele vun den Dossarden a lescht Aschreiwungen

Adresse :
Le Fonds Belval
1, avenue du Rock ‘n’ Roll
L-4361 Esch/Belval
+/- 50m vun den Héichiewen

16.00-22.00
DIMMI-SI PASTA PARTY

All ageschriwwene Leefer kritt um Virowend vun der Course en Teller Nuddelen.
LIVE CONCERT André Mergenthaler

Samschdes, den 8. September 2018

10.00-16.00
Ofhuele vun den Dossarden a lescht Aschreiwungen

Adresse :
Le Fonds Belval
1, avenue du Rock ‘n’ Roll
L-4361 Esch/Belval
+/- 50m vun den Héichiewen

15.00: Ouverture vum Food Village
16.00 : Garderie ( Alter ab  4 Joer)
16.00: Depart Yuppi-Mini-Kulturlaf 1000m
16.30: Ouverture vum Yuppi-Village
17.00: Depart 10 Meilen / 10 km
17.30-21.00: Navette bei d’Duschen
19.30: Präisiwwerreechung
20.00: “After Kulturlaf” Party mam Dj Fritz & Fanta P
02.00: The End

Wichteg Informatioune fir all d’Leefer

Mir freeën eis, dass Dir beim Sudstroum Escher Kulturlaf matmaacht.
Fir e gudden Oflaf vum Evenement a fir dass Dir gutt informéiert um Laf deelhuele kënnt,
biede mir Iech d’Informatiounen hei drënner opmierksam duerchzeliesen.

Den zentrale Punkt vum Sudstroum Escher Kulturlaf ass um Terrain vum Fonds Belval ënnert den Héichiewen.
Hei ass och den Depart an d’Arrivée, de Gewënnerpodium an d’Soirée “After Kulturlaf Party”.
D’Oofhuele vun den Dossarden an de Leefersacochen ass am Gebai Fonds Belval.

Zougang zum Site

Den Accès op den Site Belval ass extrem einfach, souwuel mam Bus, ze Fouss oder mam Velo.

Mam Auto: Et stinn 4 Parkingen zur Verfügung fir d’Leefer, hier Begleeder an d’Spectateuren:
De Parking CFL
De Parking Belval Plaza I an II
De Parking Square Mile
De Parking Université

Fir den Accès op de Site huelt d’Autobunn A4 an Direktioun Esch-sur-Alzette, vun do aus fuert de Panneaue “Sudstroum Escher Kulturlaf” no bis bei de Site vum Laf. Plangt genuch Zäit a fir op de Site ze kommen. En Depart ënnert Stress ka verhënneren, dass Dir är Course lafe kënnt, wéi Dir Iech dat virgestallt hutt.

Kulinaresch Stänn am Food Village & “After Kulturlaf Party”

“Gesond Iessen, méi bewegen”, ” dat ass de Slogan vun der nationaler Sensibiliséierungscampagne fir e méi gesonde Liewensstil, eng Campagne déi mir och dëst Joer erëm ënnerstëtzen. Divers lokal Associatioune bidde verschidde Spezialitéite fir all Goût un. Verpasst och net d’Concerte vun “After Kulturlaf Party”!

 

Consigne

Den Dag vum Sudstroum Escher Kulturlaf kritt Dir eng nummeréiert Sacoche an der Dir virum Depart Är Kleeder kënnt dramaachen. Mir soen Iech am Viraus Merci fir, och fir d’Ofgi vun ärer Sacoche genuch Zäit anzeplangen. De Gebrauch vun der Sudstroum Escher Kulturlaf Sacoche ass obligatoresch. Mir huele keng aner Sacochen un.

Chronometrage

De Chronometrage gëtt exklusiv mam Chip gemaach, deen am Dossard integréiert ass. Den individuelle Champion Chip ass net gülteg fir dëse Laf.Wichteg: De Chronometrage gëtt iwwert den Dossard gemaach an et ass dofir wichteg dësen gutt festzemaachen. E muss obligatoresch vir un ärem T-Shirt festgemaach ginn. En dierf och net gediebelt ginn.

Depart

Den Depart vun den Haaptcourssen (10 Meilen, 10 km) ass um 17.00 bei den Héichiewen. All Leefer gëtt individuell chronometréiert.

Den Depart vum Yuppi-Mini-Kulturlaf 1000m ass um 16.00.

Ofhuele vun den Dossarden

Freides, den 7. September vun 16.00-20.00
Samschdes, den 8. September vun 10.00-16.00

Le Fonds Belval
1, avenue du Rock’n’ Roll
L-4361 Esch/Belval
+/- 50m vun den Héichiewen

Garderie / Yuppi-Mini-Village

Am Yuppi-Mini-Village kënnen d’Kanner u verschiddenen Aktivitéiten a kreativen Atelieren deelhuelen a verschidde Sportaarten ausprobéieren.
Elteren, déi bei der Course wëlle matmaache kënnen hier Kanner (Mindestalter 4 Joer) an der Garderie ofginn. D’Encadrement vun de Kanner gëtt vun diploméiertem Personal gemaach. D’Aschreiwung gëtt iwwert den Inscriptiounssystem vum Laf gemaach andeem ee bei der Aschreiwung d’Case “Garderie” uklickt.
Fir all Froen a weider Renseignementer kontaktéiert eis iwwer kulturlaf@kulturlaf.lu

Kulturelle Parcours

De Parcours vum Sudstroum Escher Kulturlaf féiert net nëmme laanscht divers kulturell Sitte vun der Stad. Museker a Museksgruppe spillen och op Podiumen an natierlech Emplacementer laanscht de Parcours an dat virun, während an no der Course.

Ravitaillement

Déi éischt Coureuren (10 km) lafen no enger 30 Minutten iwwert d’Arrivée. Wéinst dëser relativ kuerzer Dauer vum Effort ass e grousse Ravitaillement net néideg. Fir d’Coureuren déi manner séier sinn an d’Amateuren ass et awer wichteg reegelméisseg ze drénken an z’iessen. Dofir stelle mir 3 Ravitaillementen am 10 km Laf an een op der Arrivée zur Verfügung. Fir de 10 Meilen Laf, si 5 Ravitaillementen um Parcours an een op der Arrivée virgesinn.

Präisiwwerreechung & “After Kulturlaf Party”

D’Präisiwwerreechung ass ënnert den Héichiewen. No der Course sinn d’Concerte vun der “Après Kulturlaf Party”

Resultater

D’Resultater sinn ab dem Sonndeg, 9. September op eisem Site www.kulturlaf.lu disponibel.

Vestiairen, Duschen & “After Kulturlaf Party”

D’Vestiairen an d’Dusche vum Lycée Technique de Belval sinn disponibel, mat separatem Fraen- a Männerberäich. Eng Navette fiert permanent tëschent der Arrivée an dem Lycée Bel-Val (Trajet vun ongeféier 1 km).

facebook