Ennerstëtzung

Iess e Stéck Kuch an hëllef a.s.b.l.

Du kanns engem leckere Stéck Kuch net widderstoen? Du bass e Mënsch mat engem gudden Häerz a wëlls eppes fir de gudden Zweck maachen?

Dann bass du bei „Iess e Stéck Kuch an hëllef a.s.b.l.“ genau richteg!

Mir hunn dëse Projet 2016 an d’Liewe geruff fir gemengnëtzeg Associatiounen aus Lëtzebuerg z’ënnerstëtzen. Mir sammele Spenden andeems mir op verschidden Eventer leckert Gebäck ënnert d’Leit bréngen. D‘Spende ginn integral un Associatioune weidergeleet, déi sech fir bedürfteg Leit, fir Déieren oder fir d’Ëmwelt asetzen.

All Hëllef zielt! Dofir maach eppes Guddes – Iess e Stéck Kuch!

Le rêve du petit prince a.s.b.l

D’Associatioun « le rêve du petit prince » ass 2012 gegrënnt gi a verfollegt folgend Zieler :

Se wëll Kanner, déi vun enger onheelbarer Krankheet betraff sinn, e leschte Wonsch, also hiren Häerzenswonsch, erfëllen

Se versicht Kanner eng Delfintherapie unzebidden, déi Affer vu Vernoléissegung, physeschem oder psycheschem Mëssbrauch gi sinn, a doropshin a e Foyer placéiert goufen. D’Delfintherapie soll dës Kanner bei der Bewältegung vun hirem Trauma ënnerstëtzen.

facebook